Aller au contenu principal Passer au pied de page

D‘FGFC bitt spezifesch Formatioune fir hir Delegéiert un

Sief et um psychologeschen, dem administrativen oder dem kommunikative Volet, all Delegéiert(e) gëtt professionell ausgebilt

Eng professionell a passionnéiert Approche, fir de Kolleg(inn)en ze hëllefen.

Axe - Formatioun

Zwee Modullen, déi praxisorientéiert a konkret op d’Besoine vun de Personaldelegatiounen ausgeschafft sinn, an dem Delegéierte seng professionnell a perséinlech Kompetenze fördere sollen. All Formatioune gi vu professionnelle Leit ofgehalen (fgfc-intern an extern) 

Module « Professionnel » 

  • Missiounen (fakultativ an obligatoire) souwéi Funktionnement vun enger Delegatioun 
  • Gesetzgebung a Reglementatioune betreffend dem Personal säi Statut a Régime

Module « Personnel »

  • « Conseil écoute & soutien » bezitt sech op psychologesch Schwieregkeeten, mat deenen een am Gespréich mam Personal konfrontéiert gëtt, respektiv déi een am allgemengen um Terrain begéine kann (Harcèlement, Stress, Konflikter…) 
  • Verhandlungs- a Kommunikatiounstechniken souwéi internen/ perséinleche Coaching/ Teambuilding

 

Axe - Kommunikatioun

Zwee Modullen, déi engersäits vun der FGFC initiéiert ginn an anersäits um Terrain selwer stattfannen, an a béide Fäll vun der FGFC-Administratioun professionnell begleed ginn.

Module « Proactif » 

  • Campagnen, déi vun der FGFC lancéiert ginn a sech un dat gesamt Personal riichten, an am Zesummewierke mat de Personaldelegatioune promouvéiert ginn (Affichen, Vidéoclipen, Interviewen, sozial Netzwierker…) 
  • Newsletteren (aktuell Sujeten, Ännerungen an der Gesetzgebung, Reglementatiounen…), an zur Verfügungstellung vun Dokumentatiounen (Avisen, praktesch Erklärungen, FAQ…)  

Module « Actif » 

  • Mat engem Flyer « Opgepasst-Delegatioun » kënne Sujeten/ Dossieren/ Problemer/ Projeten… individuel op eng eenzel oder méi Delegatiounen ugepasst ginn an esou d‘Personal informéiert ginn 
  • Zur Verfügungstellung vun enger Kontaktlëscht vun allen FGFC-Delegéierten, fir sech ënnerteneen auszetauschen