Aller au contenu principal Passer au pied de page

Eenheetleche Sécherheetssystem fir Buspersonal

Et kann een esou muncht Argument vun der Stad Lëtzebuerg sécherlech novollzéien, hir Busser net mat Sécherheetskabinnen anzeriichten. Sief dann awer bemierkt, dass och de Stater Tram mat deene Sécherheetskabinnen ënnerwee ass an de « Comité de pilotage sécurité dans les transports publics » sech an senger leschter Reunioun, kloer fir dës Sécherheetsmesure ausgeschwat huet.

Den FGFC-Transport setzt sech fir en eenheetleche Sécherheetssystem fir all Buschaufferen an - et kann net sinn, dass d’Personal, demno bei wat fir engem Patron et engagéiert ass, eng aner Sécherheet gebuede kritt.

Et ass en offent Geheimnis, dass d’Aggressioune géint d’Buspersonal an der Lescht zouhëlt. All Aggressioun, egal wéi vill et der statistesch sinn, ass eng ze vill. Et ass ze bedaueren, dass an eiser Gesellschaft de Respekt an Anstand op der Streck bleift - et ass nun eben awer eng Realitéit, déi ënneranerem, eist Personal um eegene Leiw ze spiere kritt. 

Den FGFC-Transport monéiert nach ee Mol, dass et bis dato nach wéi vor kee Gesetz gëtt, dat eise Kontrolleuren déi néideg Kompetenze gëtt, hir Sécherheets-Missioun och adequat ëmzesetzen an am Fall vun de Fäll, néideg Sanktiounen op der Plaz ze huelen. 

D’Sécherheet vun eisem Buspersonal dierf net duerch eng Käschtennotzerechnung oder ministeriell Ontätegkeet op der Streck bleiwen. 

Weider News zum Sujet: Gratis Chaos am ëffentlechen Transport