Aller au contenu principal Passer au pied de page

Elektronesche Rechnungsystem Peppol

Duerch eng europäesch Direktiv sinn, ënneranerem, och eis Gemengen a Gemengesydikater obligéiert ab dem 18. Maerz 2023 just nach digital Rechnungen iwwer de Peppol (“Pan-European Public Procurement OnLine“) entgéintzehuelen.

D’FGFC huet seng Bedenken an der Commission centrale ausgedréckt, ob all Gemengepatronen um obligatoresche Stéchdatum operationell sinn.

Eises Wëssens no huet bis elo just d’Stad Letzebuerg dëse System installéiert a schafft domadder. Fir all déi aner Gemengepatronen ass de SiGi anscheinend knapps iwwert d’Testphase eraus.

Obwuel eis säitens dem Intérieur matgedeelt gouf, dass de Lead an deem Dossier beim Digitalisatiounsministère läit, bleiwe mir als FGFC der Meenung, dass eisen Inneminstère hei och implizéiert ass. Alleng schonns duerch de Finanzcontrôle, deen, duerch déi zukünfteg reng digital Prozeduren, iwwerduecht misst ginn.

Affaire à suivre…