Eng laangjäreg Fuerderung vun der FGFC gëtt Realitéit: Vum 1. September 2026 un fält d’Épreuve d’aptitude générale ewech. Den Zougang zum Gemengendéngscht gëtt domat méi einfach a méi séier. Fir d’FGFC ass dat e wichtege Schrëtt – elo muss de Recrutement am ëffentlechen Déngscht konsequent weider moderniséiert ginn.