D'FGFC plädéiert fir eng gemeinsam Digitalstrategie am Interessi vum Gemengesecteur
D'FGFC setzt sech fir eng gemeinsam Grondinformatik am ëffentleche Secteur an, déi op enger laangfristeger staatlecher Strategie opbaut an d'Spezifizitéite vu Staat a Gemengen respektéiert. Am Mëttelpunkt stinn Effizienz, Stabilitéit an eng sécher Zukunft fir d'Gemengepersonal.