Aller au contenu principal Passer au pied de page

FGFC Protestpiquet - Stopp Gewalt !

No deene rezenten a widderhuelend Iwwergrëff op Personal vum Busbetrib TICE an deene méintelaange Verspriechen säitens der Politik, huet sech Personaldelegatioun vum TICE zu engem Protestpiquet entscheet.

Mir als FGFC invitéieren jiddereen dee generell géint Gewalt ass an sech solidaresch mat eisem TICE-Personal weise wëll, de Freideg 24. November 2023 um 10:00 Auer op der Esch Gare eist betraffend Personal z'ënnerstëtzen.

D'FGFC Gewerkschaft vum Gemengepersonal ass dovunner iwwerzeegt, dass den Dialog an de géigesäiteg Respekt, dee beschte Wee ass zu positiven Ziler ze kommen, wouvunner Personal an de Patron profitéiere kann - dëst zemools fir eng laangfristeg Zesummenaarbecht opzebauen. Fir déi Ziler z'erreechen mussen sech awer béid Säiten un hir Zousoen a Verspriechen halen. Wann dat net geschitt an sech déi bekannten an inakzeptabel Situatiounen ëmmer erëm widderhuelen, wéi an dësem Dossier, zu gewalttätegen Iwwergrëff kënnt bleift och enger FGFC näischt aneschtes iwwereg wéi mat Nodrock op déi politesch Verpriechen hinzeweisen. Mir bedaueren, dass anscheinend d'Politik no de kommunale Wale Gedächnislücken huet - deen neie Buergermeeschter vun Esch kritt elo Chance sech zesummen mam de politësche Verantwortlechen vum TICE ze beweisen.

Zu dësem Dossier kann een nach folgend FGFC-News liesen: Erëm Aggressiounen géint TICE-Personal: Patron a Politik stinn an der Verantwortung

Matgedeelt vum FGFC Bureau exécutif élargi & der Sektioun FGFC-TICE