Aller au contenu principal Passer au pied de page

Erëm Aggressiounen géint TICE-Personal: Patron a Politik stinn an der Verantwortung

Gëschter, Freideg 17. November 2023 goufen et um TICE direkt zwou Aggressiounen, bei deenen et zu Verletzunge koum. Leider ass et scho bal zum Alldag ginn dass et zemools op der Escher Gare zu esou Tëschefäll kënnt. D'FGFC Personalvertrieder zesummen mat der FGFC-TICE Sektioun fuerdere scho säit Joren, dass eppes ënnerholl misst ginn.

Et gëtt fahrlässeg mat der Gesondheet vun eise Mataarbechter ëmgaangen, an dat wäert d'FGFC net méi toleréieren. D'FGFC-TICE fuerdert, dass Sécherheetsbeamte permanent op de Busquaie vun der Escher Gare patrulléieren. Déi zwee Agente wou an der Gare sinn, hëllefen eis näischt, wann se net direkt kënnen agräifen - dat huet d'Situatioun vu gëschter leider alt nees bewisen. Des Weideren fuerdere mir eng besser Beliichtung op der Escher Gare souwéi reegelméisseg Policepatrullen. Dëst si keng nei Fuerderungen, an eis goufe scho virun de Kommunalwalen Villes zougeséchert. - um Terrain ass awer bis ewell näischt passéiert. 

Seng Mataarbechter ze schützen ass eng vun dem Patron senge Pflichten. Hei eise widderhuelten Appell un all Involvéiert, elo mat konkrete Mesuren ze kommen. Eis Cheffen an d'Direktioun stinn hei genee esou an der Verantwortung, ewéi déi politesch Responsabel.

Et ass Zäit ELO ze handelen - dem Personal seng psychesch- wéi kierperlech Gesondheet steet um Spill

Matgedeelt vun der FGFC-TICE
Samsteg, 18 November 2023