Aller au contenu principal Passer au pied de page

Géint d’Gewalt am ëffentlechen Transport

23.05.2023

Dem President vun der FGFC-TICE Personaldelegatioun, Théo Schickes seng Ried um Protestpiquet vum 24. November 2023.  Ronn 150 Buschaufferen, Gemengepersonal a Sympathisante waren dem Opruff nokomm, sech um 10:00 Auer op der Escher Gare ze gesinn.

 

Kolleeginnen, Kolleegen,

Mir als Personalvertriedung vum TICE soen iech Merci, dass dir iech Zäit geholl hutt fir un dësem Protest-Piquet Deel ze huelen.

Solidaritéit an d’Sécherheet stinn haut am Vierdergrond

Et freet eis ze gesinn, dass deen neie President a déi politesch Vertrieder vum TICE-Bureau hei si fir solidaresch mat hire Mataarbechter fir méi Sécherheet op der Gare ze protestéieren.

Léif Leit, leider si mir un engem Déifpunkt an eiser Gesellschaft ukomm! Wéi si soss déi rezent Virfäll ze erklären?

Wou si mir an eiser Gesellschaft ukomm, dass den TICE bei senger  ganzer Busflott huet missen higoen, a Sécherheetsglas bei de Chaufferskabinnen en place setzen!?

Et geet hei awer net eleng em Sécherheet vum TICE-Personal, mee och em Sécherheet vun all eise Kolleeginnen a Kolleegen déi am ëffentlechem Transportsecteur schaffen, an em Sécherheet vun de Leit déi op den ëffentlechen Transport wëllen oder mussen zeréck gräifen!

Wou si mir an eiser Gesellschaft ukomm, dass Leit musse fäerten sech hei op der Gare ze beweege fir vu A op B ze kommen - zemools wann et däischter gëtt.

D’Escher Gare ass een zentrale Punkt gi fir Drogenhandel, wat eist Personal Dag fir Dag muss feststellen. Doriwwer eraus muss ee feststelle, dass Policepresenz an deem Sënn quasi net do ass!

Bei den Täter handelt et sech an deene meeschte Fäll em Mannerjäreger déi genee  wëssen dass hinnen unhand vum aktuelle Jugendschutzgesetz quasi näischt geschéien!

Laut Artikel 388 vum Code Civil gëlle Mannerjäreger bis zum Alter vun 18 Joer als Kanner.

A genau dat muss op de Leescht geholl ginn!
Mir maachen also ee kloren Appell un eis national Politik fir dëst Gesetz ze adaptéieren!

Firwat si mir haut hei?

TICE Personal fillt sech an deene leschten 2 Joer vun der Stad Esch an der CFL am Stach gelooss!
Unzuel vun de verbalen a kierperlechen Aggressioune ginn ëmmer méi an Luucht!

Fir iech elo emol e puer Zuelen ze nennen:

  • 2022 si 25 CIS´en (Constats d’incidents sûreté) ausgefëllt ginn
  • 2023 Stand haut si 50 Constats d’incidents sûreté ausgefëllt ginn!

Déi Zuel huet sech also carrement verduebelt! Donkelziffer ass sécherlech bei wäitem méi héich!

Den 18. Januar 2022, gouf ee Chauffer vun eis esou schlëmm zesummegeschloen, dass dësen haut nach Restriktiounen huet an ënnert dësem Ugrëff leit
De 14. Mäerz 2022 huet dann unhand vun dem Virfall eng Entrevue stattfonnt, tëscht deene Responsabelen vum TICE, der Escher Gemeng, der Police, der CFL a mir stellvertriedend fir TICE-Personal.

 Mir hunn an dëser Entrevue d’Problematiken ugeschwat a folgend Fuerderunge gestallt:

  • Kameraiwwerwaachung op der Escher Gare
  • Eng Erhéijung vum Sécherheetspersonal, fir Sécherheet op de Busquaien ze garantéieren
  • Méi eng hell Beliichtung op der Escher/Gare
  • Méi Police Presenz iwwert de ganzen Dag an zemools iwwert Nuecht
  • Bänk wou beim Pauseraum vum TICE-Personal stoung soll ewech kommen, well sech do Jugendlecher rassembléiert hunn an et do ganz oft zu Diskussioune mam Buspersonal koum.

De leschte Punkt gouf awer eréischt op Nodrock vun der Personalvertriedung ëmgesat.
An der Schoul wier dat mat engem B+ bewäert ginn!

All déi aner Fuerderunge léif Gemengeresponsabel, léif Responsabel vum CFL goufen net ëmgesat, dat gëtt ee D Minus!
Zu menger Schoulzäit war dat eng Datz!

De 4. November 2023 also virun 3 Wochen, ass e Chauffer vun eis am Bus gestouss ginn a mam Réck an eng Staang geflunn, dësen ass duerch dëse Virfall nach ëmmer krank geschriwwen
De 17. November, also haut virun enger Woch, sinn 2 Mataarbechter vum TICE an eng Kläpperei eragezu ginn, wou Jugendlecher sech ënnertenee zerklappt hunn!

Mir als Personalvertriedung vum TICE hu probéiert deen normale Wee ze goen, andeems mir eis, wéi scho virdru gesot mat all de responsabelen Acteure getraff hunn. Et ass awer 18 Méint no dëser Entrevue näischt geschitt!

An elo geet et duer - mir fuerderen:

  • Kameraiwwerwaachung op der Escher Gare
  • Eng Erhéijung vum Sécherheetspersonal, fir Sécherheet op de Busquaien ze garantéieren
  • Méi eng hell Beliichtung op der Escher/Gare
  • Méi Police Präsens iwwert de ganzen Dag an och an der Nuecht am Fall vum Nuetstransport
  • Mir hätte gären esou séier wéi méiglech eng Entrevue mam neie Gemengepapp hei vun Esch, mat all deene Responsabele wou zoustänneg sinn eise Fuerderunge Rechnung ze droen.

Mir maachen awer och een Appell un deen neien TICE-President an den TICE Bureau, dass och si hire Responsabilitéiten nokommen, an deen néidegen Drock ausüben, dass d’Personal vum TICE keng Angscht méi muss hu fir schaffen ze kommen!

Mir fuerderen Deadlinen, wéini wat soll spéitstens ëmgesat ginn! Ech géif iech also biede léif Herrschaften, fir déi nächst Entrevue gutt preparéiert ze sinn!

Zum Schluss vun dësem Piquet well ech betounen, dass mir elo net méi nokucken, et ass elo genuch gekuckt ginn!

Merci !

(*) d’Ried ass net ganz 1:1 esou um Piquet ausgeschwat ginn

 

NORUFF !

D’FGFC-TICE Sektioun, den FGFC-TRANSPORT, souwéi de ganzen FGFC BUREAU EXECUTIF élargi steet voll a ganz zu der Analyse vun der Situatioun an de Fuerderungen vun eiser TICE-Personaldelegatioun.

News zum Dossier

FGFC Protestpiquet - Stopp Gewalt !
Erëm Aggressiounen géint TICE-Personal: Patron a Politik stinn an der Verantwortung