Aller au contenu principal Passer au pied de page

FGFC, jo fir d’Famill

Den neien FGFC-Bureau exécutif élargi ass am Oktober dëst Joer, ënneranerem mat der Ukënnegung ugetrueden, méi fir eise Member an seng Famill z’organiséieren.

De 26. November 2023 ass déi éischte Kéier de Kleeschen bei d’FGFC komm. De Centre Culturel Tramsschapp um Lampertsbierg war méi wéi gutt gefëllt a fir Iessen, Drénke souwéi fir Spill a Spaass war gesuergt.

D’FGFC hat de Fotograf Eric Devillet op der Plaz a vill Kanner wollten sech mam Kleeschen, wéi och dem Houseker fotograféiere loossen. Op folgendem Link fannt Dir all d’Fotoe vun eisem Familljefest: https://ericdevillet.com/galeries Login: FGFC_612

Mir soen all de fläissegen Hänn vun der Gemeng, wéi och eise Memberen déi gehollef hunn e grousse Merci fir hiren Asaz. Mir freeën eis elo schonns z’annoncéieren, dass de Kleeschen och schonns fir 2024 zougesot bei d’FGFC ze kommen.

Op dëser Plaz wënsche mir Iech alleguer schonns e schéinen Niklosdag.