Aarbechtszäit am Wandel – D’FGFC setzt Impulser fir eng modern Gemengeverwaltung
Den Mëttwoch, den 11. Februar 2026, huet d’FGFC hir traditionell Journée communale zu Biergem am Centre culturel Nessert organiséiert. Als partizipativ Gewerkschaft vum Gemengepersonal huet d’FGFC dës Editioun ganz an d’Zeeche vum Temps de travail an all senge Facetten gestallt.
E staarke Start am legale Kader
De Moie stoung am Zeeche vun informativen Interventiounen aus verschiddene Perspektiven:
Vertrieder vum Ministère des Affaires intérieures, Nadja Poensgen, Selma Ajdarpasic a Jean-Lou Hiltgen hunn de legale Kader ronderëm d’Aarbechtszäit erkläert an déi aktuell gesetzlech Bestëmmungen duergeluecht.
D’Patronat, vertrueden duerch de SYVICOL Vice-President Serge Hoffmann, huet seng Vue op d’Thematik presentéiert an d’Erausfuerderunge vun de Gemengen ënnerstrach.
Zum Ofschloss hunn den Afekot Me Holler aus der Etude Bauler-Lutgen de juristesche Kader analyséiert an de Participanten praktesch Explikatiounen an Interpretatiounshëllefen mat op de Wee ginn.
Dës verschidde Bléckwénkele hunn eng fundéiert Basis fir déi weider Diskussioune geschaf.
Interaktive Workshop: Realitéite vum Terrain
Nom gemeinsame Mëttegiessen ass et an en interaktive Workshop gaangen. Hei stoung net nëmmen d’Theorie, mee virun allem d’Erfarung vum Terrain am Mëttelpunkt.
Zwee grouss Themen hu sech dobäi erausgeschielt:
1- Permanencen an Iwwerstonnen
Et gouf däitlech, datt et relevant an zum Deel diskriminatoresch Ënnerscheeder bei de Reegelunge vun de Permanencen tëschent de verschiddene Regimen, an deenen d’Personal agestallt ass, ginn.
Zousätzlech gouf festgehalen:
- Déi aktuell Texter passen net méi an déi modern Aarbechtswelt.
- D’Entschiedegunge si net ëmmer adequat un d’Verantwortung an d’Disponibilitéit ugepasst.
- Et besteet Onkloerheet bei Rouzäiten a Schaffzäiten, wat zu Rechtsonsécherheet féiert.
D’Participanten hunn aus hirer deeglecher Praxis konkret Beispiller agedroen, déi gewisen hunn, datt eng Harmoniséierung an eng Moderniséierung noutwenneg ass.
2- Maladie a mental Gesondheet
Och d’Thematik vun der Krankheet huet vill Diskussioune ausgeléist.
Et gouf drop higewisen, datt:
- De certificat de maladie beim Fonctionnaire an Employé de facto keng richteg Valeur huet.
- Et keng réinsertion progressive oder congé thérapeutique gëtt.
- D’Reegelunge bei laanger Krankheet net un déi aktuell Realitéiten ugepasst sinn.
Doriwwer eraus gouf och intensiv iwwer mental Gesondheet an Harcèlement geschwat – Sujeten, déi an der moderner Aarbechtswelt ëmmer méi wichteg ginn an déi och am Gemengesecteur net däerfen tabuiséiert ginn.
Weider zentral Themen
Nieft deenen zwee Haaptthemen goufen och aner wichteg Entwécklungen ugeschwat:
- den Asaz vu kënschtlecher Intelligenz an adequaten digitalen Programmer,
- den Teletravail,
- Formatioun, Aus- a Weiderbildung.
Dës Elementer si wesentlech Bestanddeeler vun enger moderner an zukunftsorientéierter Aarbechtsorganisatioun.
Konkret Weideraarbecht
Als direkt Konsequenz vun dësem Dag ginn elo Workshops zu deenen zwee Haaptthemen organiséiert:
- kuerzfristeg, fir pragmatesch Kaderléisungen ze definéieren,
- laangfristeg, fir gesetzlech Bestëmmungen unzepassen an ze moderniséieren.
D’FGFC ënnersträicht dobäi hir partizipativ Approche:
Matgestalt gëtt vun deenen, déi den Terrain kennen a wëssen, wat gebraucht gëtt.
D’Journée communale 2026 huet domat net nëmmen Diskussioune gefërdert, mee och de Startschoss fir konkret Reformvirschléi ginn – am Interessi vum Gemengepersonal an enger moderner, gerechter Aarbechtsorganisatioun.
Mir soen all de Participanten Merci fir hiert aktivt Matwierken an hir jeweileg Fachkompetenz an den eenzele Matièren.