Aller au contenu principal Passer au pied de page

ASAM INFO 03-2026

Den 11. Februar op der Journée communale vun der FGFC war et esou wäit! An senger Ried huet den Här Minister GLODEN annoncéiert, datt Enn dëst Joer d’Verhandlungen iwwert Weiderentwécklung an d’Opwäertung vun eisem Beruff ulafe wäerten.

Dëst ass nëmme konsequent an deckt sech esouwuel mat eise Fuerderungen ewéi och mat deem wat am Koalitiounsaccord 2023-2028 steet:

"Les compétences des agents municipaux seront élargies dans le but d’encourager la prévention."

Detailer an Datume gëtt et weider nach keng. Eis Visioun fir de Beruff vum Agent Municipal ass bekannt a mir wäerten eis wéi an der leschte Joer dorun orientéieren.

Wat ka jidderee vun eis entre-temps maachen?

  1. Gedold hunn – Reformprozesser brauchen Zäit - an eisem Fall schwätze mir vun Ännerungen an enger ganzer Rei vun Texter (Formatioun, Code de la route, verschidde Spezialgesetzer,  Code de procédure pénale , Code de la route, Carrière asw...)
  2. Preparéiert iech – maacht är Formatiounen
  3. Etabléiert an developpéiert äre Service de proximité
  4. Frot bei eis no wann dir Informatioune braucht

Stéchwuert Formatioun: mir erlaben eis op dëser Plaz fir déi heite INAP Formatioun Reklamm ze maache wou an Zukunft och Agentinnen an Agente vun eis wäerten d’Equipe vun de Formateure verstäerken: Interculturalité et empathie. Des Formatioun zielt esouwuel fir de Stage ewéi och fir d’Formation continue.

Betreffend d’Avertissements Taxés bei de Spezialgesetzer hu mir nach am Februar eng Entrevue fir ze kucke wéi et weidergeet. 

!! Ofschléissend nach eng Informatioun fir Agentinnen an Agenten déi d’Gemeng wiesselen an déi op hirer aler Gemeng d’FPJ Funktioun haten: Si mussen nom Wiessel nei um Geriicht vereedegt ginn.