Dag vun de Fraerechter: Valorisatioun amplaz Quote bei der FGFC
Gläichberechtegung ass bei der FGFC net nëmmen e Prinzip, mee eng Realitéit: Souguer dräi vun de véier gewielte Vertrieder vun der FGFC an der Chambre des Fonctionnaires et Employés publics si Fraen. Dat weist däitlech, datt Verantwortung a Representatioun hei duerch Kompetenz an Engagement bestëmmt ginn.
Och an der eegener Leedungsstruktur spigelt sech dat erëm: Vun de siwe Posten an der Exekutiv sinn der dräi vu Frae bekleet, dorënner och d’Funktioun vun der Tresorière.
Um internationale Dag vun de Fraerechter steet d’Gläichberechtegung am Mëttelpunkt — net nëmmen als gesellschaftlecht Zil, mee och als konkret Realitéit am Beruff an an de Responsabilitéiten.
Dës staark Representatioun ass awer kee Resultat vu Quote oder Sonderbehandlung. Am Géigendeel: Et ass d’Unerkennung vu Fachwëssen, Engagement an Zouverlässegkeet. D’Fraen an der Leedung wëlle virun allem fir dat geschätzt ginn, wat si leeschten — net wéinst hirem Geschlecht, mee wéinst hirer Kompetenz.
Eng vun hinnen ass d’Lynn Kettel , Tresorière bei der FGFC. Si ënnersträicht:
„Ech si gär dobäi, well ech wëll, datt meng Kompetenzen unerkannt ginn an ech aktiv dozou bäidroe kann, eis Gewerkschaft no vir ze bréngen.“
D’Sandy Hansen, Mandat an der CHFEP a Personaldelegéiert zu Esch, beschreift hir Erfarung an der Exekutiv als besonnesch positiv:
„Ech fille mech immens wuel an der Exekutiv. Et gëtt engem nogelauschtert — egal ob komstruktiv Kritik oder nei Iddien. Ech hunn d’Gefill, e vollwäertege Member vum Team ze sinn.“
De President vun der FGFC, Claude Reuter, betount d’Wichtegkeet vun enger moderner a gerechter Gewerkschaftskultur:
„Onofhängeg vum Geschlecht muss eng Gewerkschaft jidderengem déi selwecht Méiglechkeete ginn, fir sech proaktiv anzebréngen an Verantwortung z’iwwerhuelen.“
Fir d’FGFC geet et dobäi net ëm symbolesch Debatten oder polariséierend Diskussiounen. Wat wierklech zielt, ass eng geliewten Akzeptanz an eng Kultur vun Toleranz am Alldag. Net theoretesch Statistiken, mee konkret Zesummenhalt an e respektvollt Mateneen bréngen eng staark Gemeinschaft no vir.
An enger Zäit, an där Diversitéit an Inclusioun ëmmer méi wichteg ginn, ass et entscheedend, datt Fraen an Entscheedungspositiounen net als Symboler gesi ginn, mee als staark Fachpersounen. D’Exekutiv vun der FGFC weist säit gutt zwee Joer, datt modern Gewerkschaftsaarbecht vu ville Perspektiven profitéiert — an datt gemëschte Leedungsteams méi nohalteg an equilibréiert Entscheedunge treffen.
Eng weider staark Stëmm ass d’Marie-Claude Koders, déi zanter iwwer 50 Joer Member bei der FGFC ass. Si erënnert sech un eng Zäit, an der Fraen nach eng Ausnam waren:
„A menger Jugendzäit stoung ech dacks eleng als Fra do. Haut freet et mech ze gesinn, wéi positiv sech meng Gewerkschaft weiderentwéckelt an opgestallt huet.“
De Dag vun de Fraerechter erënnert eis drun, datt de Wee zur Gläichstellung weidergefouert muss ginn. Gläichzäiteg ass en och eng Geleeënheet, fir déi Fraen ze feieren, déi haut schonn Verantwortung droen an aktiv d’Zukunft vun der Aarbechtswelt matgestalten.
Kompetenz kennt keng Geschlechter — mee si brauch Valorisatioun, Vertrauen a Méiglechkeeten.