Ee Secteur. Eng Stëmm. Eng Gewerkschaft.

D’FGFC – fir JIDDEREN am Gemengesecteur.
An Zäite vu Verännerung ass d’FGFC méi wichteg wéi jee. Mir sinn d’Gewerkschaft vum Gemengepersonal – fir ALL déi am Gemengesecteur schaffen.
Wéi de Pol, Aarbechter am Atelier vun enger Mëttelgrousser Gemeng, eng Komplikatioun mat sengem Schaffplang hat, huet hien net direkt un d’FGFC geduecht:
„Éierlech: Wat sollen déi mir hëllefen? Dat ass dach e Beamteclub…Vill denken nach ëmmer esou – a verpassen domat Hëllef, déi se net erwaart hätten.“
D’FGFC ass fir jiddereen, deen am Gemengesecteur schafft – egal ob Aarbechter, Beamten oder Employé communal oder Salarié.
1912 gegrënnt an zënter iwwer 30 Joer vertrëtt d’FGFC de ganze Gemengesecteur, mat eisen dräi Grondwerter: kommunal Idenditéit, Proaktivitéit a Partizipativitéit.
Eis kloer Prinzipien :
Selwecht Aarbecht = selwecht Rechter = selwecht Bezuelung. Dat an ALL Gemeng an ALL Gemengesyndikat
Et ass Zäit, datt mir ophalen a Klassen ze denken. Mir sinn ee Secteur – jidderengem seng Aarbecht zielt - dat um Terrain, am Atelier, am Büro oder an der Maison Relais - Der FGFC ass all Job a Mensch dohanendru wichteg.
„De ganze Palaver, Aarbechter géint Beamten nerft just – mir sinn ee Gemengesecteur a sollten eis vu kengem auserneen dividéiere loossen. Entweder fir stinn zesummen oder fale getrennt.“ ⁃ Nico, Beamten
Deng Rechter? Si koumen net vum Himmel gafll.
Ronn 80 % Inhalt vun den aktuelle Kollektivverträg, net nëmmen am kommunale Secteur, baséieren um Statut a Regelementatiounen vun de Beamten déi duerch d'CGFP an d'FGFC verhandelt goufen a ginn.
Gewerkschaftsaarbecht heescht net just verhandelen – et heescht och nolauschteren, intervenéieren an erklären, Mënschlech present sinn wann et néideg ass.
„Ech war wierklech iwwerrascht, wéi séier a reaktiv d’FGFC war. Ech krut direkt eng kloer Erklärung – ouni Blabla. Mäin Dossier gouf an engem RDV mam Schäfferot gekläert – séier, kompetent a respektvoll. Merci FGFC – ech hu mech wierklech net eleng gefillt.“ - Martine, Salariée
An Zäite vu Verännerung zielt Engagement.
D’Politik doktert un:
- Aarbechtsbedingungen
- Pensiounen
- Krankekeesen
- ...
Et gëtt Zäit fir eng kloer, vereent Stëmm. Eng Stëmm, déi mat dir schwätzt – net iwwer dech. Eng Gewerkschaft, déi dech net klasséiert, mee als Mënsch gesäit.
Fir deng Stëmm am Gemengesecteur
Zesummen duerch onsécher Zäiten – gëff Member bei der FGFC, der eenzeger Gewerkschaft fir jiddereen am Gemengesecteur a jsut fir de Gemengesecteur.
„Fir deng Rechter. Fir deng Zukunft.
➡️ Member ginn beim Spezialist fir de Gemengesecteur: https://www.fgfc.lu/fr-lu/senregistrer/