Aller au contenu principal Passer au pied de page

Europadag - Den 9. Mai sinn eis Büroen zou

𝐌𝐮𝐞𝐫 𝐚𝐬𝐬 𝐅𝐞𝐢𝐞𝐫𝐝𝐚𝐠– 𝐝𝐨𝐰𝐞́𝐢𝐧𝐬𝐭 𝐬𝐢𝐧𝐧 𝐞𝐢𝐬 𝐁𝐮̈𝐫𝐨𝐞 𝐦𝐮𝐞𝐫 𝐳𝐨𝐮 

Mir bleiwen awer wéi gewinnt fir wichteg Uléies iwwert eis Mail fgfc@fgfc.lu ereechbar. 
Mais wat gëtt iwwerhaapt op dësem Dag gefeiert ? 
Op dësem Dag erënnere mir un déi historesch wichteg Deklaratioun vum fréiere Franséischen Ausseminister Robert Schuman déi hien 1950 zu Paräis gehalen huet. Iwwregens ass et och interessant ze wëssen dass de Mann 1886 an der Stad-Lëtzebuerg op d’Welt komm ass.
Op allefall soll eis dësen Dag drun erënneren wéi wichteg Fridden, Zesummenaarbecht an Eenheet fir Europa sinn.

An deem Sënn e schéine Feierdag iech all