FGFC am Austausch mam Mobilitéits- an Inneministère: Konkret Verbesserunge fir d’Personal am Fokus
D’FGFC huet sech mat Vertrieder vum Mobilitéitsministère an dem Innenministère iwwer eng Rei wichteg Dossieren aus dem Gemengesecteur an dem ëffentlechen Transport ausgetosch. Am Mëttelpunkt stoungen d’Aarbechtsbedingungen, d’Sécherheet vum Personal an déi zukünfteg Entwécklung vum TICE.
E wichtege Sujet war déi lafend Conciliatioun beim TICE. D’FGFC huet nach eng Kéier op d’Noutwendegkeet vu konkrete Léisunge bei der Personalplanung, der Congéssituatioun an den Aarbechtsbedingungen higewisen. Fir Mëtt Dezember ass eng weider Entrevue virgesinn, fir déi nach oppe Punkten ze klären.
Och déi besuergneserreegend Entwécklung vun de medezineschen Inaptitudë gouf thematiséiert. Aktuell kënne ronn 70 Mataarbechter beim TICE net méi oder nëmmen ageschränkt als Buschauffer agesat ginn. D’FGFC fuerdert dofir laangfristeg berufflech Perspektiven a méi Méiglechkeete fir eng intern Mobilitéit, ouni déi bestoend Rechter vum Personal a Fro ze stellen.
Sécherheet a rechtlech Kloerheet
Am Beräich vun der Sécherheet goufen d’Méiglechkeet vum Asaz vu Bodycams an déi feelend rechtlech Kompetenze vun de Kontrolleuren am Stroosseverkéier diskutéiert. De Ministère schafft un engem méigleche legale Kader fir Bodycams. Och de Gesetzesprojet iwwer d’Agents de service agréés bleift e wichtegen Dossier am Kader vun der Kompetenzerweiderung vun eise Kontrolleren.
Sanitär Infrastrukture sinn eng Noutwendegkeet
D’FGFC huet déi deels onzoumuttbar Situatioun bei de sanitären Ariichtungen op verschiddene Bus-Terminusser kritiséiert. De Ministère huet de Problem unerkannt an eng Analys vun de konkrete Besoinen duerchgefouert. D’Gemenge sollen hei méi staark an d’Verantwortung geholl ginn. D’FGFC huet hir Ënnerstëtzung bei der Sich no pragmatesche Léisungen ugebueden.
Chancëgläichheet am Gemengesecteur stäerken
Och d’Roll vun den Delegéierten à l’égalité gouf ugeschwat. D’FGFC setzt sech fir eng besser Formatioun, eng konkret Begleedung an eng méi staark Valorisatioun vun dëser Funktioun an. Dozou soll e separaten Austausch mat de zoustännege Servicer vum MEGA organiséiert ginn.
Dialog mat konkrete Resultater
D’Entrevue ass an enger konstruktiver Atmosphär verlaf. Verschidde Punkten erfuerderen nach weider Gespréicher a konkret Decisiounen.
Fir d’FGFC bleift d’Zil kloer: E gudde sozialen Dialog muss sech un de konkrete Verbesserunge moosse loossen, déi en am Alldag fir d’Personal mat sech bréngt.
Foto vlnr: Lynn Kettel, Claude Reuter, Théo Schickes, Frank De Anglis