Aller au contenu principal Passer au pied de page

FGFC begréisst Resolutioun vun der Chamber: Jorelaangen Asaz fir de Gemengesecteur dréit Friichten

D’FGFC begréisst mat grousser Zefriddenheet d’Resolutioun 4838 déi rezent vun der Chamber ugeholl gouf, fir d’Behandlung vun de Gesetzer/ Reglementer am Kader vum Accord salarial  an der staatlecher an der kommunaler Fonction publique besser openeen ofzestëmmen an ëmzesetzen. Fir d’FGFC ass dëst e wichtegt politescht Signal an eng kloer Unerkennung vum Gemengesecteur.

Dës Entwécklung kënnt net zoufälleg. Zënter Joren engagéiert sech d’FGFC als Gewerkschaft vum Gemengepersonal mat kloeren, faktenorientéierte Positiounen fir eng Stäerkung vum kommunalen ëffentlechen Déngscht. D’Gewerkschaft huet ëmmer nees op déi strukturell Ongläichgewiichter tëscht Staat a Gemengen higewisen an eng méi enk Harmoniséierung souwéi eng gläichberechtegt Behandlung vum Gemengepersonal gefuerdert. Dës konsequent Aarbecht fënnt elo och hire politeschen Nidderschlag.

D’Resolutioun gesäit vir, datt d’Gesetzesprojeten, déi aus dem Accord salarial vun der Fonction publique ervirginn, esou wäit wéi méiglech gläichzäiteg fir de Staat an de Gemengesecteur behandelt ginn. Dat wäert dozou bäidroen, d’Ëmsetzung ze beschleunegen an d’Koordinatioun tëscht deenen zwou Fonction publiques ze verbesseren.

D’FGFC ënnersträicht, datt dëse Schrëtt och d’Resultat vun hirem onermiddlechen Asaz fir de Gemengesecteur an den ëffentlechen Déngscht ass. Mat konkreten Analysen, Positiounspabeieren an engem oppenen Dialog mat de politesche Responsabele konnt d’FGFC d’Problemer vum Secteur op d’politesch Agenda setzen an dozou bäidroen, datt de Gemengepersonal haut méi staark am Fokus steet.

Gläichzäiteg wëllt d’FGFC der LSAP e besonnesche Merci ausdrécken, déi dës Resolutioun initiéiert huet. E grousse Merci geet awer och un Regierungsparteien CSV an DP souwéi un Oppositiounsparteien déigréng, déi lénk, Piraten an d'ADR,déi dës Resolutioun an der Chamber matgedroen an domat e kloert Zeeche fir eng besser Berécksiichtegung vum Gemengesecteur gesat hunn.

Fir d’FGFC ass dat e wichtegen Etappesuccès. D’Aarbecht ass domat awer net ofgeschloss. Elo gëllt et, dës politesch Wëll och konsequent an konkrete gesetzleche Reformen ëmzesetzen, fir de Gemengesecteur dauerhaft ze stäerken an de kommunalen ëffentlechen Déngscht zukunftssécher opzestellen. Nëmmen esou kritt Gemengepersonal déi Unerkennung a gesetzlech Kader, déi et duerch säin deeglechen Asaz fir d’Biergerinnen, d’Bierger an Betriber verdéngt.

Link zur Résolutioun : https://wdocs-pub.chd.lu/docs/Motions_Resolutions/Resolution_4838/20260707_Depot.pdf

 

Foto: ©chd