Aller au contenu principal Passer au pied de page

FGFC Event - De Kleesche kënnt

Sonndeg den 23. November hate mir déi grouss Freed vir de Kleeschen a säi Gesell bei eis op Besuch ze hunn. Mei genee an der Galerie Krounebierg zu Miersch. Et ass net déi éischte Kéier dass déi zwee sech Zäit huele vir eise Kanner eng Freed ze maachen.

Nieft enger gutt gefëllter Titchen gouf et och genuch ze schneeken an eng flott Tombola. Den erléiss vun dëser Tombola geet un https://tamtamwhiteandfriends.lu, hei sinn och ganzer 500€ zesumme komm. 

Kanner hu sech gefreet . Mais net just déi Jonk haten hire Furri . Nee,och déi Grouss hu bei familiärer Atmosphär, engem Maufel z'Iessen an eppes ze Drénken e gesellegen Nomëtteg mat eis verbruet.

Nieft eisem motivéiertem Staff war och de Bureau exécutif élargi an en Deel vun eiser Salariats Delegatioun vun der VDL matt um Start vir eng Hand matt unzepaken.

Ob dësem Wee géife mir dann och gär der Gemeng Miersch Merci soen dass mir hire flotte Sall hunn dierften notzen.

Zu gudder Läscht wier nach eise Fotograf den Eric Devillez z'ernimmen de wéi ëmmer eng super Aarbecht geleescht huet wéi dir an der Fotosgalerie wäert gesinn.

Fotoe fannt dir hei : https://ericdevillet.com/galeries

Code d’accès : 0612

En Resumé e gelongene Nomëtte à refaire. Abee mir soe Merci dass dir all dobäi waart a mir freeën eis op nächst Joer !