FGFC setzt sech duerch: Service public gëtt gestäerkt
Am Kader vum Projet de loi 8335 iwwert d’Sécherheet am ëffentlechen Transport huet d’FGFC e konkrete Succès erziilt. Eng problematesch Passus am urspréngleche Gesetzestext hätt nämlech dozou geféiert, datt Gemengepersonal – dorënner och eis Kontrolleren – vum gesetzleche Kader ausgeschloss gi wier.
D’FGFC huet dësen Mëssstand fréi erkannt, kloer benannt a mat Nohaltegkeet eng Korrektur gefuerdert. Mat Resultat: De Gesetzestext gouf iwwerschafft an esou formuléiert, datt och kommunal Agenten an Agentinnen ausdrécklech als agents de service agréé kënnen nominéiert ginn.
Dëst ass e wichtege Schrëtt fir e staarken, funktionéierende Service public an eng gerecht Unerkennung vun der Aarbecht vum Gemengepersonal, dat all Dag zur Sécherheet an zur Qualitéit vum ëffentlechen Transport bäidréit.
D’FGFC seet dem Minister des Affaires intérieures, der Ministesch vun der Mobilitéit souwéi allen Acteuren, déi un dëser positiver Upassung matgewierkt hunn, e grousse Merci fir de konstruktiven Austausch.
D’FGFC steet fir Engagement mat konkrete Resultater.