Offices sociaux: Den externe Partner zitt sech zréck – an elo?
D’FGFC hat sech vun Ufank un géint déi strukturell Neiausriichtung vun den Offices sociaux ausgeschwat. Haut, 15 Joer no der Reform, stellt sech eng Fro, déi mir deemools schonn opgeworf hunn: Wat geschitt, wann eng ëffentlech Missioun engem externe Partner uvertraut gëtt an dësen decidéiert, sech nees zréckzezéien?
Mat der Reform vun 2009, déi den 1. Januar 2011 a Kraaft getrueden ass, goufen déi deemools 116 kommunal Offices sociaux an 30 regional Strukturen zesummegefaasst. Gläichzäiteg gouf d’Méiglechkeet geschaf, déi sozial Aarbecht iwwer Konventiounen un extern Organisatiounen ze delegéieren.
D’FGFC hat dës Entwécklung kritesch gesinn. Net well mir géint eng professionell Sozialhëllef waren, mä well mir der Iwwerzeegung sinn, datt eng kommunal ëffentlech Missioun och eng kloer kommunal Verantwortung brauch.
An elo?
D’Rout Kräiz, dat d’sozial Aarbecht an 13 vun den 30 Offices sociaux iwwerholl huet, soll sech aus dësem Beräich zréckzéien. Eng Entwécklung, déi eis als FGFC verwonnert an eng Rei fundamental Froen opwerft.
Firwat wëll en etabléierte Partner sech no Jore vun Engagement aus dëser Missioun zréckzéien? Leien d’Ursaachen an der Finanzéierung, an den Aarbechtsbedingungen oder am organisatoresche Modell selwer? A wat heescht dës Entscheedung fir d’Personal?
Mir wëllen dem Roude Kräiz keng Motivatiounen ënnerstellen. Mä mir erwaarden Transparenz iwwer d’Hannergrënn an d’Konsequenze vun dësem Réckzuch.
D’Personal ass keng Variabel an enger Reorganisatioun
Hannert dëser Diskussioun stinn net nëmme Konventiounen, Budgeten a Verwaltungsstrukturen. Do stinn och Mataarbechter, déi zanter Joren eng gesellschaftlech onverzichtbar Aarbecht leeschten.
Fir d’FGFC ass dofir kloer: D’Personal däerf net d’Konsequenze vun engem Organisatiounsmodell droen, iwwer deen et ni selwer decidéiert huet.
Aarbechtsplazen, Acquisen, Anciennetéit a berufflech Perspektive mussen ofgeséchert ginn. Déi betraffe Mataarbechter an hir Personalvertriedunge mussen aktiv an all weider Schrëtt agebonne ginn.
Zréck an d’kommunal Verantwortung?
D’FGFC fuerdert zanter Joren, d’Strukture vun den Offices sociaux nei ze iwwerdenken an hir Reintegratioun an d’Gemengestrukturen ze préiwen. Dës Fuerderung ass an eiser politescher Visioun ausdrécklech festgehalen.
De méigleche Réckzuch vum Roude Kräiz sollt elo den Ustouss ginn, de Modell vun 2011 seriö ze evaluéieren. Net fir alles schlechtzerieden, wat zanterhier opgebaut gouf, mä fir aus der Erfarung ze léieren.
Eng ëffentlech Missioun muss laangfristeg organiséiert, personell ofgeséchert an nohalteg finanzéiert sinn. Dofir brauche mir kloer Verantwortung, stabil Aarbechtsbedingungen an eng Organisatioun, déi net vun de strategeschen Entscheedunge vun engem externe Partner ofhängeg ass.
D’FGFC steet bereet, dës Diskussioun konstruktiv matzegestalten an d’Interesse vum Personal konsequent ze vertrieden.
Well um Enn bleift eng fundamental Feststellung:
En externe Partner kann decidéieren, sech zréckzezéien. D’ëffentlech Verantwortung fir d’Personal an d’Bierger bleift.