Aller au contenu principal Passer au pied de page

„The place to be“: FGFC Journée Communale - staark Allianzen fir de Gemengesecteur

Den 11. Februar huet d’FGFC Gewerkschaft d’Gemengepersonal op hir traditionell Journée Communale agelueden – dëst Joer an der Form vun engem stilvolle Cocktail dînatoire, dee sech séier als „the place to be“ erausgestallt huet. Nieft de ville Memberinnen a Memberen hunn och Vertrieder aus der Politik an aus Partnerorganisatiounen de Wee op Biergem an den "Nëssert" fonnt.

No der Begréissung duerch de Buergermeeschter vu Monnerech, de Jeannot Fürpass, huet den FGFC-President d’Gewerkschaft vum Gemengepersonal an senger Usprooch als kompetenten an zouverléissege Partner fir d’Gemengepersonal, d’Gemengen an d’Politik positionéiert. Hien huet sech kloer fir e staarken, attraktiven a moderne Gemengesecteur ausgeschwat.

A senger Ried huet huet den Inneminister Léon Gloden an senger Ried d’Wichtegkeet vum Gemengepersonal ënnerstrach. Hien huet déi gutt a konstruktiv Partnerschaft tëscht sengem Ministère an der FGFC ervirgehuewen an ënnerschreift de Leedsaz « fir e staarken an atteacktive Gemengesecteur ». De Minister huet betount, datt hien oppen ass fir Reformen an Strukture vum Gemengesecteur weider augebaut a gestäerkt ginn. Rezent gesetzlech Upassunge fir méi Rechtssécherheet a kloer Kompetenzreegelunge beim Direktiounspersonal vun de Gemengesyndikater stinn dofir als Beispill.

Och de Vertrieder vum SYVICOL, de Serge Hoffmann, huet der FGFC Merci gesot fir d’Invitatioun an den informativen Austausch am Kader vum Workshop vum Dag. Déi gutt Relatiounen tëscht FGFC a SYVICOL wieren eng wichteg Basis fir néideg Reformen. Ziel misst et sinn, eng Fonction publique – souwuel staatlech wéi och kommunal – ze schafen, an där fir jiddereen déi selwecht fair Konditioune gëllen.

Eng staark Präsenz huet och eise laangjärege Kooperatiounspartner CGFP gewisen. Iwwer 25 Joer konstruktiv Zesummenaarbecht an der Fonction publique markéieren eng Frëndschaft, déi op Vertrauen a gemeinsame Wäerter baséiert.

Als Zeeche vu Solidaritéit an Zesummenhalt waren och Vertrieder vu SYPROLUX an ALEBA dobäi – e kloert Signal, datt kollegial Zesummenaarbecht an de Respekt viruneneen iwwer sektoriell Grenzen erausginn.

Den Owend ass a kollegialer Atmosphär bei guddem Iessen a ville Gespréicher ausgeklongen. Nieft perséinlechem Austausch goufen och sachlech a konstruktiv Diskussioune gefouert, déi nei Iddien an Impulser fir d’Zukunft bruecht hunn.

D’Journée Communale 2026 huet domat net nëmmen als gesellschaftlechen Treffpunkt geglänzt, mee virun allem als Plattform fir Dialog, Partnerschaft a Perspektiven. Si huet gewisen, datt de Gemengesecteur lieweg, engagéiert a bereet ass, sech de kommende Reformen aktiv ze stellen.

Mat engem kloere Bléck no vir an engem staarke Réckhalt duerch hir Memberen a Partner geet d’FGFC gestäerkt aus dësem Dag ervir – am Déngscht vun engem moderne, gerechte a leistungsfäege Gemengewiesen.