TICE: WÉI VILL KONFLIKT VERDRÉIT DE SOZIALEN DIALOG?
Keng Sanktioun – mee den TICE zitt weider viru Geriicht
D’FGFC an FGFC-TICE hunn mat Bedaueren zur Kenntnis geholl, datt de Syndicat TICE decidéiert huet, d’Decisioun vum Conseil de discipline am Dossier ronderëm de Protestpiquet vum 19. September 2025 virum Verwaltungsgeriicht unzefechten.
Selbstverständlech steet enger ëffentlecher Verwaltung de Rechtswee op. Mee grad esou legitim ass d’Fro, ob all juristesch Méiglechkeet och muss ausgeschöpft ginn – a wéi eng Konsequenzen dat fir d’Personal an de sozialen Dialog huet.
Zanter bal engem Joer begleet dësen Dossier déi siwe betraffe Mataarbechter an hir Familljen. No Méint vu Prozeduren, Auditiounen an Onsécherheet huet de Conseil de discipline decidéiert, keng disziplinär Sanktioun auszeschwätzen.
D’Akzeptanz vun der Decisioun vun der Riichterin an dem Conseil de discipline duerch déi politesch Verantwortlech vum TICE wier eng Méiglechkeet gewiescht, fir e Schlussstréch ënnert dësen Deel vum Konflikt ze zéien an de Bléck nees no vir ze riichten.
Wat bedeit dat fir d’Conciliatioun?
Parallel leeft eng Conciliatiounsprozedur, déi grad dozou bäidroe soll, de sozialen Dialog beim TICE nees ze stäerken. An dësem Kontext hu sech de Patron vum TICE a Vertrieder vun der FGFC schonn op e Concertatiounsgespréich fir Ufank Oktober gëeenegt, bei deem déi vun der FGFC virgeschloe Léisungsvirschléi gemeinsam diskutéiert solle ginn.
Dat ass fir eis e wichtege Schrëtt a Richtung Dialog. Ëmsou méi stellt sech elo d’Fro:
Wéi en Impakt huet eng weider Geriichtsprozedur op dës Gespréicher, op déi lafend Conciliatioun an op dat Vertrauen, dat néideg ass, fir gemeinsam Léisungen ze fannen?
Conciliatioun brauch de Wëlle vun alle Säiten, Konflikter duerch Dialog ze léisen. D’FGFC an FGFC-TICE wäerten dës nei Situatioun dofir och am Kader vun der Conciliatioun thematiséieren.
Wéi laang soll dësen Dossier nach weidergoen?
Et muss och erlaabt sinn ze froen, firwat eng Decisioun vun engem onofhängegen Disziplinarorgan, dat sech mam Dossier beschäftegt huet a keng Sanktioun ausgeschwat huet, net akzeptéiert ka ginn.
Dat ass keng Fro géint d’Recht op e Recours. Et ass eng Fro vun der Verhältnisméissegkeet an der Verantwortung als ëffentleche Patron.
Eng weider Prozedur bedeit nei Méint vun Onsécherheet fir déi betraffe Mataarbechter. Si kascht Zäit, administrativ Ressourcen an ëffentlech Gelder. Wéi laang soll dësen Dossier nach daueren a wéi vill ëffentlech Mëttele sollen nach dofir agesat ginn?
Fir d’FGFC misst d’Prioritéit elo doranner leien, d’Vertrauen nees opzebauen. Mir bieden dofir de Bureau vum TICE, de Recours zeréckzezéien, dat geplangte Concertatiounsgespréich konstruktiv ze notzen an der Conciliatioun eng reell Chance ze ginn.
Mir wëllen keng weider Eskalatioun, mee Respekt, Verantwortung an e seriéise sozialen Dialog.
Well um Enn sollt et net drëms goen, wien dat lescht Wuert huet, mee wéi een no engem Konflikt erëm zesumme schaffe kann.
Matgedeelt vum Bureau exécutif élargi vun der FGFC & dem Comité vum FGFC-TICE