Aller au contenu principal Passer au pied de page

Verantwortung heescht méi wéi just géint alles ze sinn an Gesellschaft ze splécken

An enger Zäit wou vill Leit sech Suergen ëm hir Zukunft maachen, ass et wichteg, datt all gesellschaftleche Partner responsabel handelt – och d’Gewerkschaften an d’Politik. Et ass legitim a wichteg, d’Stëmm ze erhiewen, op Mëssstänn hinzeweisen a fir besser Aarbechts- a Liewensbedéngunge anzestoen. Verantwortung heescht awer och, net ze manipuléieren, Leit net géintenee auszespillen an net eng Gesellschaft an d’Konfrontatioun ze drécken - amplaz Brandmaueren sollte Brécke gebaut ginn.

Eng FGFC wäert op alle Fall den Dialog mat der Politik a Regierung oprechterhalen. Als responsabel Vertrieder, muss een och mol Réckrat weisen - grad dann wann et onkamoud gëtt well en ënneranerem weiderhinn konstruktiv Léisunge liwwert amplaz eng opgewullte Gesellschaft op Strooss ze trommelen.

Et ass erstaunlech, wéi hautesdags d'Aart a Weis un der Spëtzt vu Protestbewegungen ass. Och Politiker blose Want an de Prostestseegel – souguer déi selwecht, déi 2012 nach kräfteg eis Pensioune manipuléiert hunn an virun nach net laanger Zäit déi sozialistesch Pensiounspropose gemaach haten, fir all Joer ee Mount méi laang ze schaffen. Doriwwer eraus ass den Toun ferm populistesch ugehaucht - och vu Gewerkschaften géint den ëffentlechen Déngscht - an da gëtt elo och nach all aner Meenung, wéi déi vun der aktueller Beweegung direkt als anti-solidaresch ofgestempelt. Gläichzäiteg gëtt vu Meenungsfräiheet a feelendem Sozialdialog gejaut. Dëst ass net nëmmen widderspréchlech, mee et dréit aktiv dozou bäi, d’Leit an Gewerkschaften selwer ze spalten.

D’Wourecht ass: Et gëtt kee Gewënner, wa mir esou virufueren. Weder déi schaffend Mëtt, nach d’Renten, nach déi jonk Generatioun, nach eis Demokratie. Eng sozial a gerecht Gesellschaftspolitik ass net duerch Drock oder ideologesch Fronten ze schaffe, mee just am Konsens. Et brauch géigesaïtege Respekt, Realitéisbewosstsinn an eng éierlech gemengte Kompromëssbereetschaft.

Lëtzebuerg steet op engem Wendepunkt. D’Beem wuesse net méi esou einfach an den Himmel. D’Land muss sech der Realitéit stellen, an et ass wichteg, d’Vertrauen an der Gesellschaft zréckzebauen. Et geet net just ëm d'Renten, mee ëm d’Fäegkeet, gemeinsam zukunftsfäeg Léisungen ze fannen.


Et geet soumat net ëm politesch oder Gewerkschaftscouleur. Et geet net ëm dogéint oder dofir, mee fir Léisungen. Léisungen, déi zesumme fonnt gi mussen, net mat Populismus oder eidele Verspriechen. Et geet ëm déi gemeinsam Verantwortung, déi mir all droen – ob als Bierger, Politiker oder Gewerkschaft.

Jiddereen zu Lëtzebuerg, am Géigesaz zu ville Millioune Mënschen op der Welt, huet dat Privileg, seng Meenung fräi - och op der Strooss - auszedrécken. Dëst Recht ass wichteg an dierf vu kengem a Fro gestallt ginn. Wien demostréiert, soll awer och wëssen, firwat. Dofir eise Faktencheck – kloer a verständlech – dat zu allen aktuellen Dossieren. Eng FGFC ënnerstëtz dee fräie Meenungsaustausch an huet  Versteesdemech fir Frust an Existenz-Ängscht.  

Eng FGFC weist sech solidaresch mat sengem Kooperatiounspartner der CGFP an dem SYPROLUX, de Mëttwoch 25. Juni um 13 Auer 30 um Protestpiquet virun der Chamber deelhuelen. Zesummen appelléiere mir un de Sozialdialog an déi zukünfteg Erausfuederunge gemeinsam an op Aenhéicht unzegoen. Mir wäerten als Deel vun der Gesellschaft op der Manifestatiounen present sinn, och wa mir net mat all Inhalt respektiv der Manéier averstane sinn.