Aller au contenu principal Passer au pied de page

Wëlls du deng Pai all Joers nei verhandelen?

No den aktuelle Verhandlunge vun der CGFP mat der Regierung proklaméiert déi dass den Accord salarial, net méi fir de globalen ëffentlechen Déngscht gëlle muss. 

Soumat probéiert d'Regierung de Kontrakt mat der CGFP ze ëmgoen a behaapt, dass si sektoriell net alles ëmsetze muss.

Dat riskéiert awer och, dass eis kommunal Patronen, zukünfteg en Accord salarial, partiell oder guer net am Gemengesecteur ëmsetze kéinten.

Mir erënneren drun, dass déi aktuell Finanzsituatioune vun eise Gemenge méi wéi ugespaant ass an dass mir gréisser Changementer riskéieren:

  • D'Automatiséierung (Assimilatioun) vu Gehälter an Aarbechtsbedingungen tëschent Staat a Gemenge stinn um Spill. 
  • Mir riskéieren erëm a Zäiten zréckzefalen, wou all Gemeng mat hirem Personal verhandelt huet. Wëlls du deng Pai all Joer nei verhandelen? 
  • Méi wéi 20.000 Persoune sinn am Gemengesecteur an doriwwer eraus direkt respektiv indirekt iwwer Gesetz oder Kollektivvertrag betraff ! Fonctionnairen, Employéeën a Salariéeën - och DU!
  • Et ass Zäit, dass d'Regierung hir Verantwortung géintiwwer hirem Personal am ganzen ëffentlechen Déngscht eescht hëlt an déi getraffe Vereenbarunge respektéiert.

Et gëllt ELO zesummenzestoen a solidaresch mat eise Kolleeginnen a Kolleege vum Staat ze sinn… haut sinn si et mar si mir et am Gemengesecteur - dofir:

Rendez-Vous de Méindeg 29. Abrëll um 18 Auer am Parc Hotel Alvisse zu Dummeldeng

 

News FGFC:  FGFC und CGFP bündeln Kräfte gegen Missachtung des Accord salarial

News CGFP:  Le gouvernement doit impérativement respecter l’accord salarial qu’il a signé !