Wou dréckt de Schong ?
Et ass erëm un der Zäit, wou d'Kanner de Schong fir de Kleesche stellen. Beim Gemengepersonal stellt sech eng aner Situatioun : « Wou dréckt de Schong ? »
D’FGFC wëll wësse wat seng Membere beschäftegt a wat mir als Exekutiv op eis Agenda 2024 schreiwe sollen.
De Gemengesecteur gëtt dacks an der Ëffentlechkeet plakativ ugeprangert. D’Realitéit um Terrain ass dann awer, ënnernanerem, fënnef Joer Dauer-Reformen, lauter nei Kollektivverträg, Manktem u Kommunikatioun, feelend an adequat Informatikprogrammer, Hiarchiegerangels, Personal- & Zäitmangel...
Wat beschäftegt dech, wat häss du gäre geännert ? Deel eis deng konstruktiv Verbesserungsvirschlag fir de Gemengesecteur mat !
Op Aarbechter, Employé oder Fonctionnaire - am aktivem Déngscht oder pesnionnéiert - d’FGFC ass fir dat gesamt Gemengepersonal zoustänneg an deng Meenung ass eis wichteg.
D’FGFC garantéiert dir Diskretioun an Anonymitéit ! Schreiw eis op mengmeenung@fgfc.lu