Astellung a Gehälterstruktur
D'FGFC steet fir eng evolutiv Lounpolitik a verdeedegt d'Leeschtunge vun de schaffenden a pensionnéierte Fraen a Männer. Eise Fokus läit drops d‘Acquisen am Zesummenhang mam Aarbechtsrecht inklusiv déi sozial Acquisen vun eise Memberen ze schützen.
Dofir fuerdere mir:
- Integratioun vun allen nationalen Diplomer déi vum MEN unerkannt sinn, an d’Gehälterstruktur vun der Fonction Publique
- Astelle vun de Fonctionnairen muss de Prinzip bleiwen
- Applikatioun vum « statut unique » an der Fonction publique communale :
- Mutatioun vun de « Salariés à tâche intellectuelle » an de Regime vum Employé communal
- Generaliséierte Kollektivvertrag fir de ganze kommunale Secteur fir d‘« Salariés à tâche manuelle » ënnert dem Code du travail
- D‘Promotioun vun den ënneschte Carrièren. Dofir muss de Gemengesekteur sech der Verantwortung stellen a Personal rekrutéieren, dat kee Bac, Master oder änleches huet, dëst, fir och deene Leit eng méi grouss Karriärperspektive am ëffentlechen Déngscht ze ginn.
- Direkt Participatioun un de Verhandlunge betreffend all Themen am Zesummenhang mam Personal vum Gemengesecteur. Dëst gëllt och fir déi assimiléiert Carrièren an der Fonction Publique.
- Direkt Participatioun un all gesetzlechen a reglementareschen Ännerungen a Relatioun mam Personal vum Gemengesecteur