FGFC-TICE

Dialog amplaz Konfrontatioun


Den Dënschden 4. Februar 2020 organiséiert de Landesverband mam OGBL e Protest-Piquet, fir hir Onzefriddenheet zum Ausdrock ze bréngen, wat d’Organisatioun vum TICE betrëfft.

D‘FGFC-TICE Sektioun, zesumme mat der Personaldelegatioun, hëlt dëst zur Kenntnis an distanzéiert sech zu dëser onnéideger Konfrontatioun!

Eis politesch Verantwortlech souwéi eis Direktioun hu säit gutt 3 Méint agesinn, dass ee mat der FGFC konstruktiv Léisunge fanne kann.

Problemer beim Congé, Fuerdéngscht- a Rouzäiten, si just e puer Beispiller, wou d’FGFC sech konnt mat Léisungen abréngen, respektiv et fäerdegbruecht huet, dass kontrovers intern Reegelungen erëm annuléiert gi sinn.

An deem Sënn, setze mir als FGFC-Vertrieder weiderhin op den Dialog, fir zesummen eise Betrib no Vir ze bréngen an eise Leit déi beschtméiglechst Aarbechtskonditiounen ze bidden.

Matgedeelt vun der FGFC-TICE & Personaldelegatioun
Esch-Uelzecht den 22. Januar 2020