Aller au contenu principal Passer au pied de page

Accord salarial

Den neien Accord salarial an der Fonction publique gëtt an e puer Etappen ëmgesat. Deen éischte Volet vun enger Punktwerterhéigung vu 5% op deenen éischten 100 Punkte fir ee Joer ass um Instanzewee. D’CHFEP, eis Chambre professionnelle, ass hei och schonns ëm en Avis d’urgence gefrot ginn. Iwwert deen Avis wäerten ënneranerem zousätzlech Informatioune gefrot ginn, zur Berechnung vun dëser Punktwerterhéigung bei engem normalen Temps partiel, souwéi bei engem Temps partiel pour raisons de santé.

Vu dass eis Texter a Saache Punktwert direkt op dem Staat seng Texter verweisen, trëtt dës Punktweerterhéigung am Gemengesecteur zäitgläich zum Staat a Kraaft. E genauen Zäitpunkt ass nach net bekannt - kloer ass awer, dass dës Mesure réckwierkend op den 1. Januar 2023 a Kraaft trëtt.