Journée communale 2026: FGFC warnt viru Privatiséierung a fuerdert kloer Reegele fir de Gemengesecteur
Op der zweeter Journée communale vun der FGFC huet de President Claude Reuter vun der Gewerkschaft vum Gemengeprrsonal e kloert a kämpferescht Zeeche gesat: De kommunale Service public steet virun entscheedende Weichestellungen. An enger Ried, déi tëscht Analyse, Appell a politescher Positiounéierung gependelt huet, huet hie gefrot: „Wien garantéiert eis, dass mir an zéng Joer nach e staarken an attraktiven Gemengesecteur hunn?“
D’Manifestatioun, déi de Minister Léon GLODEN, Vertrieder aus de Gemengen, Ministèren, dem SYVICOL an de Gewerkschaften CGFP, SYPROLUX an ALEBA zesummebruecht huet, stoung ganz am Zeeche vum „Temps de travail“ an der Zukunftsfäegkeet vum kommunale Service public.
Kloer Linn géint Drock a Muechtspiller
Den FGFC President huet ënnerstrach, datt d’FGFC an de leschte Joren hire Kurs konsequent gehalen huet – trotz politeschem Drock a gewerkschaftleche Muechtspiller. D’Gewerkschaft vum Gemengepersonal géif fir eng modern, effikass an attraktiv ëffentlech Verwaltung stoen, am Déngscht vun de Bierger, de Betriber an dem lëtzebuerger Land.
„Eis Wäerter si net verhandelbar“, huet de President betount. D’Qualitéit vum Service public an d’Unerkennung vum Gemengepersonal géifen am Mëttelpunkt stoen – net parteipolitesch Interessen.
„Esou kënne mir net virufueren“
Am inhaltleche Kär vun der Ried stoung eng däitlech Kritik un der aktueller Situatioun am Beräich Aarbechtszäit. Ze vill Onkloerheeten, ze vill praxisfriem Reegelen an ze vill Ënnerscheeder tëscht verschiddene Régimen géifen de Secteur belaaschten.
Am Nomëttegs-Workshop goufen zwou Prioritéiten aus dem riesegroussem Thema « Temps de travail » definéiert:
- Permanencen & Iwwerstonnen
- Krankheet & mental Gesondheet
D’FGFC wäert net beim „Diagnostic“ stoen bleiwen. Mat weidere partizipative Workshops duerch hir Académie publique soll kuerzfristeg eng praktesch Orientéierung an laangfristeg e kohärente reglementaresche Kader ausgeschafft ginn.
Appell un d’Politik: Service public schützen
E wichtege Passage vun der Ried war der Gefor vun enger Privatiséierung gewidmet. Reuter huet d’Fro opgeworf, ob jidderengem d’Konsequenze vun engem privatiséierte Service public bewosst wieren.
E staarken ëffentlechen Déngscht wier kee Luxus, mee „de Pilier vun eiser Demokratie“. Hie géif Stabilitéit, Fortschrëtt a gesellschaftleche Zesummenhalt garantéieren – onofhängeg vun der politescher Couleur.
No Ausso vum FGFC-President läit elo vill Verantwortung bei der Regierung an de zoustännege Ministeren. Hien huet sech zouversiichtlech gewisen, datt d’politesch Wäitsiicht do wier, fir de Service public viru Privatiséierung ze schützen an en zäitgläich modern a kompetitiv ze gestalten.
Sozialdialog a juristesch Sécherheet
Positiv ervirgehuewe goufen ënner anerem Resultater vun der leschter Journée communal 2025 mam Thema « Ressources humaines » an déi dorauser enstanen praxisorientéiert Formatiounen - organiséiert vum Innenministère, d’Upassunge vum Projet 8335 am Beräich Sécherheet am ëffentlechen Transport souwéi Efforten zesummen mat der ALID, fir méi Rechtssécherheet a kloer Kompetenze fir d’Direktiounspersonal vun de Gemengesyndikater ze schafen. Conclusioun: FGFC wierkt!
Gläichzäiteg huet de President awer och gewarnt: Wann de Sozialdialog mat Féiss getrëppelt géif ginn, wier d’FGFC bereet, de juristesche Wee ze goen. Am Dossier Bussyndikat TICE géif ee sech um Conciliatiounsdësch erëmgesinn.
„Jo fir d’Gemengepersonal“ als Fundament
Zum Schluss huet de Claude Reuter säi Message verdéift: „Jo fir d’Gemengepersonal“ wier kee Wal-Slogan, mee e Fundament. Ouni d’Gemengepersonal, dat an engem kohärente Statutt vereenegt ass, géif kee Service public funktionéieren – an domat och keng lieweg Demokratie.
Mat maritimen Biller – vum stiermesche Mier bis zur motivéierter Crew – huet de President d’Roll vun der FGFC als verbindend Kraaft beschriwwen: eng Organisatioun, déi d’Hand reecht un d’Gemengepersonal, un d’Gemengen, un d’Ministèren an un all verantwortlech Acteuren.
D’Conclusioun vun der Journée communale 2026 ass domat kloer: D’FGFC positionéiert sech als stabilen a kompetenten Acteur an enger Zäit vu strukturelle Verännerungen – bereet, „och duerch rau Gewässer ze seegelen“, fir e staarken, attraktiven kommunale Service public ze garantéieren.