Méi Rechtssécherheet a kloer Kompetenze fir d’Direktiounspersonal vun de Gemengesyndikater
Zënter Jore setze sech d’FGFC an d’ALID dofir an, datt d’Direktiounspersonal an de Gemengesyndikater – besonnesch d’Ingenieursdirecteuren an hir Adjointen – méi Rechtssécherheet a kloer gereegelt Kompetenze kritt. No méi wéi fënnef Joer kënnt elo endlech Beweegung an dësen Dossier.
Den Inneminister, Léon Gloden, huet eis rezent en Avant-projet de loi presentéiert, deen an der leschter Commission centrale virgestallt gouf. Dës Kommissioun ass d’Verhandlungsinstanz tëscht dem Ministère, dem Syvicol an de Sozialpartner, wou d’FGFC mat fënnef vun de sechs Sëtzer majoritär vertrueden ass.
De Projet verfollegt e puer kloer Ziler:
- Moderniséierung vun der administrativer Organisatioun vun de Syndicats intercommunaux
- Entlaaschtung vun de gewielten Organer (Bureau a President)
- Kloer a gesetzlech gereegelt Delegatioun vu Kompetenzen un d’Direktiounspersonal
- Méi Rechtssécherheet bei administrativen a finanziellen Entscheedungen
Grondsätzlech begréissen d’FGFC - Gewerkschaft vum Gemengepersonal an d’ALID - Association Luxembourgeoise des Ingénieurs Directeurs et Ingénieurs Directeurs-Adjoints des Syndicats de communes, dëse Gesetzestext. Gläichzäiteg hu mir nach e puer konstruktiv Verbesserungsvirstellunge proposéiert, déi aktuell nach tëscht dem Ministère an de Patronatsvertrieder ofgeschwat ginn.
Et soll besonnesch ervirgehuewe ginn, datt dëse Projet virun allem der Fachkompetenz vun den ALID-Memberen ze verdanken ass, duerch déi déi néideg Praxisnähe garantéiert gëtt. Zesummen hoffen elo op eng séier Ëmsetzung vun dësem wichtege Schrëtt a Richtung enger moderner, effikasser a rechtssécherer Gestioun vun eise Gemengeninstitutiounen.
D’FGFC bleift engagéiert fir e staarke Service public.