D‘FGFC bitt Iech eng individuell a professionnell Berodung vun engem Comptabel mat 15 Joer Erfahrung un, deen Iech beim Ausfëlle vun Ärer Steiererklärung zur Säit steet.
De Präis beinhalt d’komplett Virbereedung vun der Steiererklärung an e Reklamatiounsbréif am Fall vun enger Contestatioun zum Décompte vum Steieramt.
Nodréiglech telefonesch Informatiounen an eng Berodung zu deene spezifesche Positioune vun Aerer Steiererklärung bleife selbstverständlech gratis.
All interesséiert Membere sinn invitéiert eist Sekretariat op der Telefonsnummer 407720-1 vu Méindes bis Freides vun 8 bis 12 Auer a vu 14 bis 17 Auer ze kontaktéieren, oder eng E-Mail direkt un de Romain Keiser op impots@fgfc.lu ze schécken.