D'FGFC plädéiert fir eng gemeinsam Digitalstrategie am Interessi vum Gemengesecteur
Fir e staarken an zukunftsfäege Gemengesecteur
D'FGFC steet ouni Aschränkung hannert dem Gemengesecteur an all senge Mataarbechterinnen a Mataarbechter. Déi Positiounen, déi d'Gewerkschaft op hirer rezenter Pressekonferenz presentéiert huet, riichten sech weder géint Institutiounen nach géint d'Personal. Si baséieren op enger einfacher Iwwerzeegung: De Gemengesecteur steet viru groussen Erausfuerderungen a brauch elo eng kloer, laangfristeg a strategesch Orientéierung.
D'Gemengen iwwerhuelen ëmmer méi komplex Aufgaben, mussen ëmmer méi gesetzlech Ufuerderungen erfëllen a gläichzäiteg mat limitéierte finanzielle Mëttelen an engem chronesche Manktem u qualifizéiertem Personal eens ginn. Fir d'FGFC steet dofir eng zentral Fro am Mëttelpunkt: Wéi garantéiere mir och an Zukunft en autonomen, performanten an attraktive Gemengesecteur, deen all Mataarbechterin a Mataarbechter eng sécher Aarbechtsplaz ënnert ëffentleche Statut bitt?
Eng kohärent Informatikstrategie fir den ëffentleche Secteur
De Staat entwéckelt seng Informatik- a Personalverwaltung konsequent weider. De Gemengesecteur däerf dës Entwécklung net verpassen.
D'FGFC vertrëtt zënter Joren d'Positioun, datt de Gemengesecteur op déi selwecht Grondsystemer soll opbauen ewéi de Staat. Eng gemeinsam Basis fir d'Personalverwaltung an eng méi eenheetlech statutaresch Organisatioun géifen d'Gemengen entlaaschten, d'Aarbecht vun de RH-Servicer vereinfachen an de Mataarbechterinnen a Mataarbechter den Alldag erliichteren.
Dobäi geet et net ëm ee bestëmmte Softwareprodukt, mee ëm d'Fro, wéi de Gemengesecteur seng Informatik esou opstellt, datt Interoperabilitéit, Synergien an nei Technologien – wéi kënschtlech Intelligenz an automatiséiert Prozesser – optimal kënne genotzt ginn. Dat ass net nëmmein eng Käschtefro, mee virun allem eng strategesch Investitioun an d'Zukunft. Well all Gemeng déi selwecht Grondprestatioune garantéiere muss, huet si och am Prinzip déi selwecht informatesch Besoinen.
Et ass dobäi eng Tatsaach, datt de Staat an och déi gréisst Gemeng vum Land, d'Stad Lëtzebuerg, déi net Member vum SIGI ass, schonn haut deelweis op déi selwecht informatesch Grondarchitektur setzen. Dat weist, datt eng méi enk technesch Ofstëmmung tëscht Staat a Gemengesecteur net nëmme méiglech, mee och sënnvoll ass.
Keng Kritik un de Mataarbechter vum SIGI
D'FGFC wëllt an dësem Zesummenhang eng Saach ganz kloer stellen: Zu kengem Zäitpunkt huet eis Kritik sech géint d'Mataarbechterinnen a Mataarbechter vum SIGI geriicht. Mir hunn hire professionellen Asaz ëmmer unerkannt a schätzen hir deeglech Aarbecht ausdrécklech.
Am Géigendeel: D'FGFC huet an der Vergaangenheet ëmmer nees wichteg Entwécklunge vum SIGI ënnerstëtzt, wéi zum Beispill de Programm "AgentM" fir d'Agents municipaux oder d'Aféierung vun den digitale Gemengerechnungen.
Eis Aussoen hunn sech ausschliisslech op déi strategesch Ausriichtung an d'Organisatioun vun der Grondinformatik am ëffentleche Secteur bezunn. Sollt dëst an eiser viregter Kommunikatioun net iwwerall esou verstane gi sinn, bedauere mir dat a wäerten eis Positioun an Zukunft nach méi präzis formuléieren.
Eng Debatt iwwer d'Strukturen
D'FGFC ass iwwerzeegt, datt d'Grondinformatik vum ëffentleche Secteur op enger gemeinsamer staatlecher Strategie soll opbauen. Op där Basis kënnen de SIGI an d'Gemengen hir kommunal Spezifizitéiten innovativ a flexibel weiderentwéckelen.
Dës Iwwerleeung ass keng Fro vu Konkurrenz, mee vu Kohärenz, gudder Gouvernance an engem verantwortungsvollen Asaz vun ëffentleche Mëttelen. Wéi dës Organisatioun schlussendlech institutionell ausgestalt gëtt – op an engem Syndicat mixte oder als Departement bannent dem CTIE – ass dobäi eng Fro, déi am Kader vun där strategescher Debatt ze kläre bleift.
D'Informatik brauch Kontinuitéit. Digital Infrastrukture gi fir Jorzéngten opgebaut a kënnen net all sechs Joer bei Kommunalwalen un nei politesch Prioritéiten ugepasst ginn.
Zwee kloer Prinzippien
Fir d'FGFC bleiwen zwou Saachen net verhandelbar:
- eng gemeinsam, nohalteg an zukunftsorientéiert Informatikstrategie fir den ëffentleche Secteur ;
- eng sécher Aarbechtsplaz am ëffentleche Statut fir all Mataarbechterinnen a Mataarbechter - elo a fir Zukunft.
D'FGFC wäert sech weiderhinn konsequent fir e staarken, modernen an zukunftsfäege Gemengesecteur asetzen. Eise Kompass bleift onverännert: eng performant ëffentlech Verwaltung, e staarke Gemengesecteur, héich Qualitéit fir Bierger a Betriber an eng sécher Zukunft fir all Mataarbechterinnen a Mataarbechter.
Zënter 2017 steet eise Slogan fir dëst Engagement:
FGFC – Jo fir Gemengepersonal.