De Conseil de discipline huet keng Sanktioun géint déi siwe Mataarbechter ausgeschwat, déi um Protestpiquet deelgeholl hunn. Trotzdem zitt den TICE virun d’Verwaltungsgeriicht. No bal engem Joer Konflikt freet d’FGFC de Bureau vum TICE op, de Recours zeréckzezéien an der Conciliatioun an dem sozialen Dialog eng reell Chance ze ginn.