FGFC_SYPROLUX

FGFC-SYPROLUX - « Gratis ëffentlechen Transport » Fir d’éischt gëtt de Kuch gebak. Dann eréischt kennt d’Kiischt drop!


Am Kader vum aktuellen Hype betreffend d’Aféiere vum gratis ëffentlechen Transport koum et rezent zu enger Réunioun zwëschen FGFC a SYPROLUX. Allgemeng gouff festgehal, datt een an dësem Dossier nëmmen zesummen nofir kennt.

Vertrieder vun FGFC a SYPROLUX hu sech erstaunt doriwwer gewisen, matt wat fir enger Vehemenz, d‘Bettel2 Regierung op d’Aféierung vum gratis ëffentlechen Transport hei zu Lëtzebuerg drängt. Den Transportminister François Bausch kënnegt vollmundeg unn, datt dëst déi sozial Kiischt um Kuch vum ëffentlechen Transport wier.

Mir hunn eis a Bäcker-Kreeser ëmfrot: Et ass tatsächlech esou, datt fir d’éischt de Kuch gebak gëtt. Dann eréischt kënnt d’Kiischt op de Kuch. An der Politik ass dat scheinbar anescht.

Fir FGFC a SYPROLUX stellen sech am Moment eng ganz Rei vu Froen, déi et aktuell gëllt emol zesummenzefaassen. Heifir ass en Aarbechtsgrupp définéiert ginn.

Profitéiert gouf vun der Geleeënheet sech iwwert déi respektiv Defitë bei der Bunn an am Gemengesecteur auszetauschen. Nieft der Sënnhaftegkeet vun der Approche vun der Regierung bzw. d’Konsequenze fir den ëffentlechen Transport am grousse Ganzen, stellen sech eis Leit um Terrain vill Froen, wat dann elo mat hinne geschitt.

Kuerz: d’Onrou an de Betriber ass grouss a mir brauche séier Äntwerten, well dat Ganzt jo och scheinbar séier muss goen. Et geet hei virun allem dorëms, nei Beruffsbiller am ëffentlechen Transportsecteur ze entwéckelen.

Eens wor een sech awer och, datt een an dësem Dossier nëmmen zesummen nofir kënnt. Dofir elo schonns en Appell fir de gewerkschaftlechen Zesummenhalt an dësem Dossier. Weider Initiativë wäerten no de Sozialwahle stattfannen.

Matgedeelt vun FGFC & Syprolux
Mëttwoch, den 30. Januar 2019