Aller au contenu principal Passer au pied de page

ASAM INFO – Mee 2023

23.05.2023

ASAM INFO – Mee 2023

Kolleeginnen an Kolleegen,

Den 4. Mee ware mir an der Commission centrale, wou et ënnert anerem em d’Harmonisatioun vun den C&D Carrièren gaangen ass. Fir den Agent Municipal ännert sech näischt par Rapport zum D1 ausser datt et eben an Zukunft C2bis heescht. Well nach vill praktesch Froen opstoungen déi den Kader vun der Commission centrale gesprengt hätten, hu mir eis eng technesch Entrevue ugefrot déi mir dann och de 17. Mee um Ministère de l’intérieur haten.


Den 10. Mee hate mir eng Entrevue mat de Vertrieder vum Ministère de l'Environnement, du Climat et du Développement durable bezüglech den ATen bei der Fëscherei an dem Offallgesetz. Hei feelen nach zwou Upassungen an den Reglementer. Mir hunn hinnen ee Projet de Reglement zoukomme gelooss deen de Problem géif léisen. Ziel ass et des ATen iwwert eng APP auszestellen déi um AgentM opbaut. Dësen Dossier huet beim MEV net déi héchsten Prioritéit – mir bleiwen drun mam Ziel, datt och dësen Deel vun der Kompetenzerweiderung nach 2023 ëmgesat gëtt.


De 17. Mee war déi uewe genannten technesch Entrevue mat de Vertrieder vum Ministère de l’intérieur:

  • Eis gouf verséchert, datt d’Reglement zur Carrière D1 ouni substantiell Verännerung bis spéitstens den 1. Juli 2023 (mat e bësse Chance schonn den 1. Juni) soll an Kraaft trieden. Et gëtt deemno keng Retroaktivitéit. Dat heescht mir hunn ab deem Dag d’Prime d’astreinte an déi méi héich Prime de risque ze gutt. D’Prime PJ kritt een ab der Vereedegung um Geriicht. D’Stagiären ginn no hirem Stage reklasséiert.
  • No der Summervakanz ass eng weider Sessioun vun der FormatiounPrévention de la délinquance, la sensibilisation de la population à la sécurité, la législation de la sécurité routière geplangt fir d’Agenten déi schonn hier definitiv Nominatioun hunn.
  • D’Demande fir d’Vereedegung vun de ronn 40 Agents Municipaux déi d’Konditioune vum Art. 15-1bis vum CPP erfëllen gëtt nach dëse Mount un den Ministère de la Justice geschéckt. Parallel kréien d’Agenten och een Diplom fir des Formatioun – eng Kopie dovun geet och un hir Gemeng.
  • De Ministère de l’intérieur intervenéiert beim Ministère de l'Environnement, du Climat et du Développement durable fir déi zwee Reglementer Fëscherei an Offallgesetz.

Entretemps sinn eis Politiker voll am Walkampf ukomm. Polemik ass dobäi leider oft un der Dagesuerdnung. Ee Beispill gesäit ee beim Thema ëffentlech Sécherheet – déi läscht 30 Joer war de Credo: méi Police a méi Kompetenzen fir den Agent Municipal.

Elo hunn mir déi Kompetenzen an amplaz massiv an hir Servicer ze investéieren, jäize verschidde Politiker déi beim Vott vun de Kompetenzerweiderungen 2022 an der Chamber geruff hunn datt et keng zweet Police dierf ginn op emol: Mir brauchen eng Gemengen Police. Honni soit qui mal y pense!

Als politesch neutral Gewerkschaft gi mir och des Kéier keng Walempfeelung eraus – dat heescht awer net, datt mir net genau oppassen, wat eis Politiker esou vu sech ginn – an uschléissend maachen.