Aller au contenu principal Passer au pied de page

FGFC: kommunal, proaktiv, participativ

22.12.2022

Interview mam Claude Reuter, aktuelle FGFC Vizepresident, deen d'Presidence Enn 2023, vum Marco Thomé iwwerhuele wäert.

Liest hei schonn zwee Extraiten:

Här Reuter, wéi gesäit fir Iech eng modern Gewerkschaft aus ?

Eng modern Gewerkschaft erkennt, dass si hir Missiounen an hiert Fonctionnement de jeeweilegen Zäiten upasse sollt – u sech stinn der FGFC hir Konklusiounen dozou an eise Statutten, déi mir am Oktober 2021 op eisem leschte Kongress, eestëmmeg ugeholl hunn.
Fir d’FGFC bedeit dat, dass, mir fort komme sollten, vu “mir sinn dofir, dass mir dogéint sinn”. Ech plädéieren dofir, proakti  mat alle Sozialpartner fir de kommunalen Déngscht a säi Personal z’agéieren.

Aus eiser Siicht, muss een och seng Membere participativ abannen. Heifir brauch et éischtens eng kloer gewerkschaftlech politesch Visioun an der net nëmmen de Member, mee de ganze Secteur erkennt, firwat eng FGFC steet. Zweetens brauch et vereinfacht Strukturen an deenen sech de Member, Themebezunn bedeelege kann, ouni sech mussen ëm Statutten, Generalversammlungen, Rapporten asw ze bekëmmeren.

Wa mir op de Benevolat bauen, da sollte mir och dofir suergen, dass eis Leit déi kostbar Zäit nieft der Aarbecht, sënnvoll fir d’FGFC asetze kënnen. Am Géigenzuch, huet dat zur Konsequenz, dass mir eis nach méi professionell an eisem Sekretariat opzestellen hunn an déi néideg Kompetenze bei eisem Personal garantéiert, souwéi ausgebaut gi mussen.

Am Kloertext heescht dat och, dass mir nach méi no un eis Leit eru mussen. Dëst virun allem do, wou se eis am Meeschte brauchen - op der Aarbecht an alles wat an deem Zesummenhang steet.

Nächst Joer si Gemengewalen a Chamberswalen. Wat wënscht Dir Iech als Resultat ?

Ech wënsche mir, dass mir nach méi kommunal engagéiert Politiker kréien, déi den Avantage gesinn, Kompetenzen ze
bëndelen. Dëst mam Zil, zesumme mam Personal an eis als FGFC de Service Public bei de Gemengen no vir ze bréngen.

Um nationale Plang wënschen ech mir, dass mir een eenzege Ministerposte fir d’Kompetenze vun der Fonction publique an dem Ministère de l’Intérieur kréien. Als Fonction publique & -communale, si mir ee Secteur an dat misst op allen Ebenen och esou organiséiert ginn. Déi deelweis laang Waardezäite fir Dossieren an Texter vum Staat bei eis Gemengen ëmzesetzen, ass net méi zäitgeméiss.

De ganzen Interview fannt Dir an eisem Mag', respektiv op folgendem Link als PDF-Format.

Interview mam FGFC-Vizepresident Claude Reuter