Aller au contenu principal Passer au pied de page

Gratis Chaos am ëffentlechen Transport

10.02.2023

Mat groussem TamTam ass de gratis ëffentlechen Transport am Mäerz 2020 annoncéiert ginn; dat mam Kredo: jidderee gewënnt - kee verléiert eppes!

Op déi kritesch Stëmme vun de Leit um Terrain ass net gelauschtert ginn, mam Resultat, dass knapps 3 Joer dono sech d’Problemer zesummestauen.

Spéistens no der rezenter Réorganisatioun vun de Buslinnen, weess dee leschte Student, Pensionnéierten a Reesender: gratis Chaos am ëffentlechen Transport!

Nodeems kloer ass, dass bis Juni 2023, déi aktuell ronn 1.500 Busser op knapp 1.000 reduzéiert ginn, kee Gesetz kënnt, dass eis Kontrolleren Sécherheetskompetenzen kréien, a mir doriwwer eraus knapps nach Chauffere fannen … kënnt de Supergau: den Transportministère huet ugekënnegt seng Finanzparticipatioun - elo mol beim Bussyndikat TICE - ze kierzen. Vläicht wier esou munche Politiker frou, déi anscheinend puer « Peanuts», déi d’Leit fréier bezuelt hunn, erëm an der Staatskeess ze hunn.

Mir als FGFC froen eis op dee ganze Chaos net politësche Calcul ass. De Minister Bausch huet seng CFL fir déi naechst Jore mat Milliounen ofgeséchert, d’RGTR Busser pinsele mir an en eentheetleche Look an no de Walen kéint et zur finaler politescher Léisung kommen: mir schafen en « Établissement public du transport national ». Wéi dat hanno ausgesi kéint, dofir brauch ee sech just Luxtram unzekucken…

Ein Schelm, wer Böses dabei denkt …