Aller au contenu principal Passer au pied de page

Zefriddenheetsëmfro beim SIGI

20.02.2023

D’FGFC begréisst d’Initiative vum Aarbechtsgrupp vum Zefriddenheetsaudit beim SIGI, fir eng Ëmfro bei de Gemengen & Syndikater, iwwert d‘Zefriddenheet mam SIGI, ze maachen.

D’FGFC ënnerstëtzt des Initiative, déi am Sënn vum Gemengesecteur ass, fir dass, duerch eng eventuell Neiorientéeirung vun der Aarbechtweis vum SIGI, d’Gemengenservicer d’Erausfuerderunge vum digitalen Zäitalter an Zukunft besser gemeeschtert kréien.

D’Ëmfro leeft iwwert eng personaliséiert Email. D’FGFC rifft dofir jiddereen op, deen esou eng Mail kritt huet, sech déi 12 Minutten Zäit ze huelen, fir domat dofir ze suergen dass des Ëmfro och representativ ass, an déi néideg Décisiounen beim SIGI am Intérêt vum Gemengesecteur geholl kënne ginn.