Aller au contenu principal Passer au pied de page

Harmonisatioun vun den ënneschte Carrièrë bei de Gemengen

25.05.2023

Nodeems beim Staat rezent en Accord tëscht Regierung an CGFP ëmgesat gouf, goung et innerhalb der Commission Centrale ëm d‘Ëmsetzung vun dëse Mesure bei de renge kommunale Carrièren. Heibäi geet et ëm folgend Carrièren : Agent de transport, Agent municipal, Beruffs-Pompjeeën.

Scho méi laang wor bekannt, datt den Intérieur an dësem Dossier e Status quo vun den aktuelle Carrièrë proposéiert huet. D’FGFC huet sech zefridde gewisen, datt hir Fuerderung, datt keng Carrière eppes an dësem Kontext dierft verléieren, ëmgesat gëtt.

Am Kloertext heescht dat:

  • All un de Staat assimiléiert Carrièrë ginn de schoulege Konditiounen no folgendermoossen ëmklasséiert:
    • C1: op mannst 5 Joer postprimär Studien
    • C2: keng schouleg Konditiounen
  • déi gemengespezifesch Carrièrë ginn eent zu eent iwwerholl, an an en neie Groupe de traitement C2bis ëmklasséiert. Fir dës Carrièrë bleift also alles beim Alen.

Betreffend d’Carrière vum Agent municipal, wor d’Situatioun dann dach net esou einfach wéi beschriwwen. Bekanntlech ass den Avis zum Carrières-Reglement am Kontext vun der Kompetenzerweiderung kierzlech, no iwwer 10 Méint am Conseil d’Etat, erëm komm.

Den 17 Mee huet d’ASAM sech mat Vertrieder vum Ministère gesinn, fir deen Text endlech ëmgesat ze kréien. Méi Informatiounen dozou fannt Dir am ASAM – INFO vum Mee 2023.

Hei gëllt et ganz gutt opzepassen, wéini dëst Règlement schlussendlech a Kraaft trëtt, vu dass d’Harmonisatioun vun der Carrière vum Agent municipal sech direkt dodrun uschléisse muss.

Während d’Harmonisatioun vun all deenen anere Carrièren also réckwierkend op den 1. Juli 2022 waert stattfannen, waert dëst fir d’Agents municipaux deemno net de Fall sinn well se soss an den C2 an net an den méi favorabelen C2bis géifen klasséiert ginn.